![]() | Konferenz2008-01-09Den 23. Januar an den 31 Januar huet d'Léierpersonal zesumme mat der Sandweiler Elterevereenegung op eng Konferenz invitéiert mam Thema: Kanner am Internet: Chancen a Geforen, eng nei Erausfuerderung fir d'Elteren. Ënner "links" fannt Dir Informatiounen iwwert dëst wichtegt Thema. |
![]() | Neigestaltung vum Schoulhaff2007-07-25An der Gemengerotsëtzung vum 13. Juli gouf de Projet iwwert d'Ëmgestaltung vum Sandweiler Schoulhaff virgestallt. D'Pläng goufen vunn der Architektin Maja Devetak entworf a baséieren a groussen Zich op de Virschléi, déi d'Schoulkanner an d'Léierpersonal an Zesummenaarbécht mat der Elterevereenegung am Virfeld ausgeschafft haten. |
![]() | Schoulfest2007-07-12Samsdes den 7 Juli huet d'Elterenvereenegung onst grousst Schoulfest vun dësem Joër organiséiert. Wéi d'läscht Joër waren och dëst Joër en ganze Koup flott Spiller an Atelieren virgesin. Fir den Honger an den Duuscht war och gesuergt.D'Wierder huet matgespillt an sou hun mir eis alleguer gutt ameséiert. Kuckt selwer: |
![]() | Éischt Tiparlogeschichten online2007-07-08Dir kënnt iech elo déi éischt Geschichten vun den Kanner ulauschteren. Jo, dir hutt richteg héiren. Mir erzielen iech elo Geschichten. Hei fannt dir e puer vun eise Geschichten. Nach vill anerer fannt dir ënnert der Rubrik Tiparlo. Lauschtert eran! |
![]() | Meng Klass leeft e Marathon2007-06-25Den 18 Juni hun all eis Klassen beim Projet "Meng Klass leeft e Marathon" matgemat. D'Kanner sin deen Mëtten während ongeféier enger Stonn ronderëm den Foyer scolaire gelaf. Een Tour war 262m laang. Zesummen sin d'Kanner vun Sandweiler 1002,775 km gelaaf. Super! Op der Säit www.meter4meter.lu kritt dir weider Informatiounen. |
![]() | Schoulsportdag 20072007-03-29Den Schoulsportdag 2007 war Donneschdes, den 29 März. No engem gemeinsamen Warming up op Musik am Centre Culturel, goung et zeréck bei d'Schoul wou mir eis op verschiddenen Statiounen bewegt an ameséiert hun. |
![]() | Schoulfest2006-07-08Den 8. Juli war dat grousst Schoulfest zu Sandweiler. Et war eng super Stëmmung an déi éischt Fotoen sinn online. |
![]() | Eischt Wiki-projeten online2006-05-26Dir kennt elo aktiv um Tierlexikon matschreiwen oder ierch iwer d'Déiren informéiren. Och d'Informatiounen vun den Sakarosversammlungen sin elo online. |
![]() | Eischt Webbooks online2006-05-17Op eiser neier Websäit sinn schon déi éischt Webbooks online, wou verschidden Klassen hir Aktivitéiten an Texter präsentéieren. |