Du bas hei:

Schoulsportdag 2007

2007-03-29

Den Schoulsportdag 2007 war Donneschdes, den 29 März. No engem gemeinsamen Warming up op Musik am Centre Culturel, goung et zeréck bei d'Schoul wou mir eis op verschiddenen Statiounen bewegt an ameséiert hun.

Fir de précoce-1. Schouljoër waren dat:
Kloterparcours, Bewegen op Musik, Flitziscoursen,Hopsbäll, Klammerspill, Hürdensprangen an Kessenschlacht.
Fir d'2. - 6 Schouljoër waren dat:
Zielscheiwen schéissen, Basketball, Hürden sprangen, 50 m Laf, Indiaca, Torwand schéissen, Bock sprangen, Boxstaffel, Deschtennis an Hockeyparcours.
Fir den Honger an den Duscht gouf et eng Statioun mat Waasser an Uebst.
Um 11:15 Auer goungen mir dun op en Joggingtour duerch Duerf. Leider war d'Wierder nët sou gutt, sou dass nëmmen wéineg Leit eis ënnerwee ënerstëtzt hun. D'Motivatioun vun de Kanner war awer gutt, sou dass verschidden Kanner gläich 3 Tier gelaf sin. Super! Och eisen Buergermeschter as en Tour matgelaf. Et war en superflotten Moien fir Grouss a Kleng.


home | print version | Support | about
last site update: 18/03/2025 @ 16:27:58

olefa_transparent banner

Tout contenu © 2025 Ecoles et Administration Communale de Sandweiler