![]() | Konferenz iwer Zeckenborreliose2012-06-01Konferenz de Mëttwoch, de 6. Juni 2012 um 19:30 Auer am Centre Civique zu Hesper bei der Schoul organiséiert vun der Association des Parents d'Élèves des écoles de la commune de Hesperange (APEH) Kaum eng Krankheet gëtt esou kontrovers diskutéiert wéi d’Borreliose. Déi eng „gleewen“ net drun, déi aner panikéieren a fäerte fir an de Bësch ze goen. Et ass also schwéier ze verstoen, datt d’Informatioune vun de Gesondheetsautoritéite rar geséit an och nach alles anescht wéi brauchbar sinn. Dat ass ëmsou méi bedenklech, wann ee weess dass d’Borreliose eng heefeg a geféierlech Infektiounskrankheet ass, déi jiddereen oprafe kann. Fir d’Kanner sinn d’Konsequenze vun esou enger Infektioun besonnesch schlëmm. Dëse Virtrag ass ganz praxisorientéiert. E gëtt nëtzlech Rotschléi, wéi een eng Borreliose ka vermeiden, wéi een erkennt dass een se huet a wéi een se behandele soll. Den Dr Jacobs weist op der Plaz u sengem eegene Kierper wéi een eng Bëschzeck richteg eraushëlt. |