Du bas hei:

Journée pédagogique zum Thema Schoulcharta (15 Oktober)

2011-10-15

Am Kader vum Ausschaffe vum „Plan de réussite scolaire“ gouf als Zil festgehalen, datt d'Léierpersonal an d’Kanner an Zukunft un engem Strang zéie sollen, wat d'Anhale vun de Regelen an d'Léisung vu Konflikter betrëfft. Fir dat z’erreechen, schaffe mir dëst Schouljoer eng Schoulcharta aus.
E Samschdeg, de 15. Oktober 2011 an der Mediathéik „Um Weier“ fänken mir mat enger „Journée pédagogique“
zum Thema Schoulcharta un.
Dës „Journée pédagogique“ ass en éischte Schrëtt fir d’Ëmsetzung vun dësem Zil. Et geet drëm, op dësem Dag een Austausch ze kréien iwwer Wäerter an eng gemeinsam Visioun fir d’Sandweiler Grondschoul. Dofir sinn Enseignanten, Mataarbechter vun der Maison Relais, Elteren a Gemengevertrieder op dës Journée invitéiert. Professionell Hëllef kréie mir deen Dag (an doriwwer eraus) an der Persoun vum Här Jörg Haferkamp, dipl. Psycholog. D’Kanner ginn an engem anere Kader zu engem spéideren Zäitpunkt selbstverständlech och an d’Entwécklung vun der Charta matagebonnen.
Hei kennt dir ierch den Oflaaf an d'Resultater vun desem Dag ukucken:
Schoulcharta





home | print version | Support | about
last site update: 18/03/2025 @ 16:27:58

olefa_transparent banner

Tout contenu © 2025 Ecoles et Administration Communale de Sandweiler