![]() | Afrika an der Schoul2011-01-18Den 12 Januar hu mir an eiser Schoul den Projet Afrika ugefaangen. Während deenen nächsten Wochen léiren mir Afrika a besonnesch d'Liewen am Land Togo méi genau kennen. Mir léiren danzen, sangen, kachen, trommelen .... En Deel dee mir geléiert hunn, presentéiren mir Ierch den 11. Februar, Freides Mëttes am Centre culturel. Als Klimabündnisgemeng ënnerstëtzt Sandweiler e Projet am afrikaneschen Togo. Mir Schoulkanner maachen och mat. Am Kader vum Projet „Afrika an der Schoul“ invitéieren déi Sandweiler Schoulkanner, d'Léierpersonal an de Schäfferot Iech häerzlech op hiert grousst afrikanescht Fest am Centre Culturel. Fir d'Land Togo awer mol kennen ze léieren, ass de Robert Bodja vun der ASTM an d'Sandweiler Schoul komm an huet mat all Klass eng Introductioun vun enger Stonn gemaach. Sou hu mir eppes iwwert d'Liewensweis, d'Museksinstrumenter an d'Handwierksgeschier am Togo geléiert. D'Kanner ware begeeschtert, wéi de Robert mat hinnen afrikanesch Lidder gesongen huet a mat hinne gedanzt huet. An den néchste Woche kënnt de Robert nach puermol an all Klass, fir ee Bühnenoptrëtt mat all Klass anzestudéieren. Den 11. Februar féieren d'Sandweiler Kanner dëse Spektakel dann op, an all Eltere sinn invitéiert, fir kucken ze kommen. Mir freeën eis elo schon, Iech dëse Spektakel virzeféieren. Parallel dozou organiséiert all Cycle eng Integratiounswoch (oder iwert e puer Wochen verdeelt), wou an alle Fächer d'Thema Togo behandelt gëtt. D'Thema Togo gëtt awer och nach no dësem Spektakel ëmmer rëm opgegraff, sou wäerten eist Sportsfest an eist Schoulfest ënnert dem Zeeche vum Togo stoen. An och no der Rentrée wäerten d'Kanner nach vill Freed kréien, fir ee richtegt afrikanescht Duerf ze besichtegen ... an dat zu Sandweiler... Loosst Iech iwwerraschen! |