![]() | Afrikanescht Fest2011-02-13Als Ofschloss vun eisem Afrikaprojet, haten mir en Freiden 11. Februar am Nomëtten e grousst Afrikafest am Centre Culturel. E ganzen Koup Klassen hunn op der Bühn présentéiert wat si während deenen läschten 3 Wochen préparéiert hunn: Danzen, trommelen, sangen, Theater .... Aner Klassen hunn eis mat afrikaneschem Uebst an Iessen verwinnt. D'Fest war en groussen Succès. En décke Merci un den Robert an un de Blaise an hir Kollegen, déi dest Fest mat eisen Kanner préparéiert hunn. |