Wichteg Decisiounen, déi d’Mediathéik betreffen, ginn am Comité d’école (Enseignanten an Elterevertrieder), a Präsenz vum Responsable vun der Mediathéik, geholl. Dorënner falen: Öffnungszäiten, Opstellung vum Budget, grouss Acquisitiounen, Liesungen, Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Mediathéik (z.B. Liesatelieren,...)
D’Öffnungszäiten hänken op engem Panneau aus a ginn um Internetsite publizéiert. Si bleiwen am Prinzip gülteg fir ee Joer, kënnen awer adaptéiert ginn, jee no Besoine vun de Kanner an dem Léierpersonal. Um Ufank vum Schouljoer kréien d'Kanner ee Bréif mat den Öffnungszäiten an deem Deel vum Règlement interne, dee fir si bestëmmt ass.
De „Règlement d'ordre intérieur de l'Ecole fondamentale de Sandweiler“ gëllt och fir d’Mediathéik. D'Kanner hunn sech hei d'selwecht ze verhalen.
§ 2 Benotze vun der Mediathéik
(a) Kanner
Aschreiwen
All Schüler vun der Sandweiler Grondschoul gëtt vu sengem Enseignant um Site www.sandweiler-schoulen.lu ugemellt a kritt bei der Schoulrentrée säi Benotzernumm a Passwuert matgedeelt.
Ausléinen
De Schüler sicht sech seng Bicher oder aner Medien aus a gëtt dem Responsable vun der Mediathéik se fir anzescannen. Eréischt wann dat geschitt ass, däerf de Schüler d'Mediathéik mat den ausgeléinte Saache verloossen.
All Klass huet eng reservéiert Zäit, wou d’Schüler mat oder ouni Enseignant eppes an der Mediathéik kënne léinen.
D’Mediathéik ass an e puer Pausen a während e puer anere fixen Zäiten op: hei kënnen all Schüler kommen.
All Kand kann 2 Bicher an 2 CDen oder DVDe mateneen a während 2 Wochen ausléinen.
Ee Rappel gëtt un d’Elteren vun deene Schüler geschéckt, déi hir Bicher net termingerecht zeréckbruecht hunn.
Wann d’Bicher erëmbruecht ginn, da mussen se an der Entrée ofgeluecht ginn an däerfen net zréck an d’Regal gestallt ginn.
D‘Bicher kommen an deem Zoustand erëm, an deem se ausgeléint goufen. Et gëtt näischt an engem Buch ënnerstrach oder drageschriwwen. Wann e Buch futti oder verluer ass, muss de Schüler et ersetzen.
D’Mediathéik huet d’Recht ausgeléinten Artikelen direkt zréckzeverlaangen oder d’Zuel vun ausgeléinten Artikelen ze begrenzen.
Wann ee Schüler d’Schoul wiesselt, muss e virdrun all déi ausgeléinten Artikelen zeréckbréngen.
D’Mediathéik kënnt net op fir ee Schued, deen duerch een ausgeléinten Artikel entstanen ass.
Benotze vum Computer
D’Computere sinn do, fir Recherche ze maachen. D’Benotze vum Computer kann duerch den Enseignant oder de Responsable vun der Mediathéik an der Zäit begrenzt ginn.
Behuelen an der Mediathéik
An der Mediathéik gëtt lues geschwat, net gedronk an net giess, net gelaf an net gedrängelt.
De Schüler ka sech ee Buch aus engem Regal huelen. Hie soll dann ee Lieszeechen op déi Plaz stellen, dass en d’Buch nees op déi richteg Plaz zréck ka stellen.
D'Bicher an all dat anert Material gi respektéiert a gutt behandelt.
Ausschléissen aus der Mediathéik
Déi Schüler, déi sech net un dëst Reglement halen, kënnen aus der Mediathéik ausgeschloss ginn. Si däerfen net méi erakommen a kënnen och näischt méi ausléinen.
(b) Enseignanten
Umeldung
All Enseignant mellt sech a seng Klass um Site www.sandweiler-schoulen.lu un.
Ausléinen
All Enseignant ka fir sech oder seng Klass bis zu 40 Bicher ausléinen a se 1 Mount laang halen.
D‘Enseignantë kënnen och ausserhalb vun den Öffnungszäiten Bicher léinen. Si sollen dofir ee Formulaire ausfëllen. De Responsable vun der Mediathéik dréit dat dann nodréiglech an de Computer an.
Benotze vun der Mediathéik
All Klass huet eng reservéiert Zäit, an där d’Schüler mat oder ouni Enseignant an der Mediathéik Bicher kënne léinen.
Zu fixen Zäite kënnen d'Kanner aus alle Klassen an d'Mediathéik kommen, fir Bicher ze léinen.
Den Enseignant ka mat senger Klass an d’Mediathéik goen, och wann déi net op ass. E soll sech awer op dem Ziedel, deen an der Mediathéik hänkt, aschreiwen. Während där Zäit kënnen d’Bicher nëmmen op der Plaz consultéiert, awer net ausgeléint ginn. Den Enseignant kann d’Informatik-Material (Beamer, Dataprojecteur, Computer,…) benotzen.