D'Ënnerstëtzung fir Aere Browser gët no a no ofgebaut.
Fir all d'Funktioune vun dëser Websäit optimal notzen ze kënnen, recommandéiert EducDesign Iech déi aktuellste Versioun vun dëse Browser ze benotzen.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
Home > wiki > Schoulhaff > index
NewsWikiWebbookStoryboardTiparloDokumenterKalennerDeskInterna
Du bas hei: Home > wiki > Schoulhaff > index



Paad: http://www.sandweiler-schoulen.lu/resources/wiki/Schoulhaff/index.shtml

Een neien Schoulhaff

Nodeems déi nei Schoul an d’Kantinn fäerdeg gestallt goufen, soll d'Sandweiler Schoul lo een neien kannergerechten Schoulhaff kréien.

 

Ee Groupe de travail, deen sech aus Memberen vun der Elterevereenegung, den Enseignanten an dem Luc Reisdorff vum Foyer scolaire zesummengesat huet, huet Virschléi fir d’Gestaltung vum Haff zesummegestallt. D’Elterevereenegung huet hir éischt Virstellungen am Schäfferot präsentéiert an de SaKaRo (Sandweiler Kanner Rot) huet sech mam Thema befaasst.

Virun der grousser Vakanz 2006 war dunn een Treffen zwëschen de Gemengenverantwortlechen, de Représentanten vun der Elterevereenegung an dem Léierpersonal an der Madam Devetak, enger Landschaftsplanerin mat hirem Mataarbechter. An deser Versammlung ass beschloss ginn, datt d'Kanner aktiv bei der Planung vum Schoulhaff solle matschaffen.

Am Oktober 2006 huet d'Madam Devetak an d'Sandweiler Schoul eng Präsentatioun fir all d'Klassen gemaach, wou si de Kanner verschidde Méiglechkeeten gewisen huet, déi et bei der Gestaltung vun Schoulhäff ginn. D'Madam Devetak huet och de Kanner hir Iddien notéiert.

D'Kanner haten lo den Optrag, hir Iddien auszeschaffen, als Text, als Bild oder a Form vun enger Maquette. All des Aarbechten sinn am Nove,ber 2006 an der Schoul ausgestallt ginn. An de 7. November ass d'Madam Devetak mat de Représetanten vun der Gemeng, Léierpersonal, Elterevereenegung an Foyer scolaire zesummekomm fir iwwert des Aarbechten ze diskutéieren.

 

D'Madam Devetak huet sech all d'Zeechnungen an Maquetten opmierksam ugekuckt. Duerno hunn d'Jofferen an d'Schoulmeeschteren erkläert, wat de Kanner aus hirer Klass besonnesch wichteg ass. Och den Här Buergermeeschter an di 2 Schäffen hunn hir Iddien fir den neien Schoulhaff gesot.

De Schoulhaff soll an Zukunft a verschidden Zonen opgedeelt ginn, fir de Besoinën vun alle Kanner gerecht ze ginn:

  • eng Sportszon (Fussball etc.),
  • eng Rouzon fir sech zréckzezéihen an ze raschten,
  • eng Kreativitéitszon fir ze bauen an sénger Phantasie fräie Laf ze loossen.

 

Lo war et un der Mme Devetak fir een éischte Projet auszeschaffen. Déi grouss Aarbéchten sollen wärend de Schoulvakanzen gemaach ginn. De Préau verschwënd ganz.

 

D'Mme Devetak huet mëttlerweil ee Projet präsentéiert, deen vun Vertrieder vun der Gemeng, Elterenvereenegung an Léierpersonal kommentéiert ginn ass, an dorophinn sinn nach puer Ännerungen gemaach ginn. Am Projet ginn effektiv eng Rei Wënsch vun de Kanner berücksichtegt.

D'Aarbéchten ginn dëst Schouljoer lass a wäerten d'néchst Schouljoer (2008/2009) ofgeschloss sinn. Mir si schon gespaant!

image
  • Een neien Schoulhaff [ 16/02/2008 ]
  • imageimage
  • Virschléi vum 2. Schouljoer 2005/2006 [ 30/10/2006 ]
  • imageimage
  • Virschléi vum 4. Schouljoer (Klass Joffer Danièle, Joffer Joëlle) [ 30/10/2006 ]
  • imageimage
  • Hei sinn de Kanner hir Iddien, déi si der Madam Devetak am Oktober matgedeelt hunn [ 30/10/2006 ]
  • imageimage
  • Schreif deng Wënsch op des Säit! [ 25/06/2006 ]
  • Interessant Internetlinks

    Fotoen vun de Kanner hiren Aarbechten

    20061030_maquetteklass4_001.jpg20061030_maquetteklass4_002.jpg20061030_maquetteklass4_003.jpg20061030_maquetteklass4_004.jpg
    20061030_maquetteklass4_005.jpg20061030_maquetteklass4_006.jpg20061030_maquetteklass4_007.jpg20061030_maquetteklass4_008.jpg
    20061030_maquetteklass4b_001.jpg20061030_maquetteklass4b_002.jpg20061030_maquetteklass4b_003.jpg20061030_maquetteklass4b_004.jpg
    20061030_maquetteklass4b_005.jpgCIMG1091.jpgCIMG1092.jpgCIMG1093.jpg
    CIMG1095.jpgCIMG1096.jpgCIMG1097.jpgCIMG1098.jpg
    CIMG1099.jpgCIMG1100.jpgCIMG1101.jpgCIMG1102.jpg
    CIMG1103.jpgCIMG1104.jpgCIMG1105.jpgCIMG1106.jpg
    CIMG1107.jpgCIMG1108.jpgCIMG1109.jpgCIMG1110.jpg


    Als läscht geännert vum daniele@konsbruck ( 16/02/2008 @ 17:18:59 )
    9264 Visiteuren an desem Projet säit dem 14/06/2006, 6641 Visiteuren op dëser Säit säit dem 14/06/2006
    [ www.sandweiler-schoulen.lu | wiki | Schoulhaff | Feedback | drécken | mailen | veränneren ]

    home | print version | feedback and bug reports | about
    last site update: 25/08/2010 @ 17:53:37 | visitors: 85819

    olefa_transparent

    Tout contenu © 2010 Ecoles et Administration Communale de Sandweiler