Du bas hei: Home >
wiki >
SAKARO >
index
Paad: http://www.sandweiler-schoulen.lu/resources/wiki/SAKARO/index.shtml
Sa.Ka.Ro.
(Sandweiler Kanner Rot)
SA.KA.RO. ass d'Ofkierzung fir SAndweiler KAnner ROt.
Grënnungsjoer: 2003-2004.
Aus all Klass (Primär- a Spillschoul) kënnt een Délégué, dee vun all Klass all Joer nei gewielt gët (+ een Ersatz, wann den Délégué krank ass).
Mir treffen eis ongeféier all 2 Méint. D'Kanner bréngen hir Meckerbréifer aus der Meckerkëscht mat, des Bréifer gi virgelies an et gët driwwer diskutéiert. Bis elo ass haaptsächlech iwwer d'Neigestaltung vun eisem Schoulhaff diskutéiert ginn, awer och aner Saachen wéi Sträit, Kaméidi, Gestaltung vun eiser neier Schoul stoungen um Programm.
Et goufen schon e puer Iddien vun de Kanner vun der Gemeng iwwerholl an respektéiert, aner Saachen sinn nach am Suspens.
De SAKARO hat och schon eng Kéier ee groussen offiziellen Optrëtt: an zwar bei der Schoulaweihung d'lescht Joer, wéi eis Madame Schoulministesch am Centre Culturel Blummen an ee Kado iwwerreecht krut. |
|
Als läscht geännert vum daniele@konsbruck ( 07/11/2006 @ 14:09:53 )
19192 Visiteuren an desem Projet säit dem 23/05/2006, 8470 Visiteuren op dëser Säit säit dem 23/05/2006
[ www.sandweiler-schoulen.lu | wiki | SAKARO | Feedback | drécken | mailen | veränneren ]